D’Lompekréimer
 

Vagabond, e jéineschen Danz


D’Lompekréimer

Musikanten
 
Den Duo D’Lompekréimer hun sech am Joer 2005 op engem Mart fonnt an direkt mateneen gespillt. Direkt wuar de Public begeeschtert an desen mageschen Moment wuar fir beid Museker e Schlesselerliewnis. Zanter hier spillen sie iwwerall wou sie gefroot gin, an daat no aaler Musikanten Traditioun, ouni ze prouwen. Se kommen un, riichten sech op a leen lass. Bio-Dynamesch Musek, mat engem Hauch vum Fuehrenden Vollék fir unzepaacken. De Pit Vinandy ass e andbekanntenen Artist, Musiker an Produzent vun Marionetten- an aaner Theaterstécker. Den Oliver Kayser, e Jéineschen aus dem Fuehrenden Vollek, ass niewend senger Tätegkeet als Musikant och nach Schausteller am Variete Bereich. Dei beid Multi-instrumentalisten sangen op Lëtzebuergeg, Daitsch, Franseisch, Englesch an Jéinesch. Jéinesch ass eng International Sprooch vun deene Fuehrenden, deenen hier Minoritéit op iwwer 700.000 Menschen an Europa geschätzt gett wouvun der eng 3000 zu Lëtzebuerg Liewen. Den Duo beschreiwt seng Musek als Traditional Folk, den awer mei wëll an duerch dei eenzegarteg Spontanitéit vun deene
beiden Improvisatiounstalenter dem Geescht vun den fuehrenden Musikanten, de Spilllait, Gaukler an Bänkelsänger immens nokënnt…
D’Lompekréimer, die verluere Kanner vum Blannen Theis.
 
Den Text ass deelweis op Jéinesch geschriwwen. Et geet drem dass mir als en Deel vun der Minoritéit vun deene Jéineschen an enger Art Dauermigratioun liewen. Mir liewen vun der Hand an de Mond an daat meechtens am Elo, also an der Geigewart. Fir eis gett et selten wann net suguer nie e Muar. Mir sin zefridden wann mir eis selwer kënne verwirklechen, an eis Kultur als Jéinen an Berufung als Musikanten kënnen ausliewen. Mir brauchen keng déck Kuar a kee riesen Haff. E quanten Auto an e Wunnwôn an de Krees vun eise Familjen geet eis duer. Eis Jéinesch Sprooch gett eis eng Heemecht. Jéinesch ass fir eis
alles, et ass net vum austierwen bedroot oder Folklore…et ass eis d’Bewosstsin. A wann mer kee Quatz mei hocken hun…also wann d’Mënz knapp gin, tjo da gi mer alt rem Messere schleifen…mir sin do ganz ambivalent.

 

Vagabond, e jéineschen Danz
“Schaffe goen daat mache mir dach gär! D’Lompekréimer dat sin mär!
Musikanten ze sin daat ass eist Liewen, zanter der Gebuert, bis dass
mir stierwen!

Ech sin e Vagabond, ech hun quant Masommen am Bolt!

Ech brauch keng déck Kuar, an net vill Geld! Ech liewen sou wei et mir
gefällt!
Ech hu main Wôn ech brauch kee riesen Haff, an hun ech kee Quatz mei
hocken, dann gin alt Messeren geschlaff!

Mir hun eise Schmus eis Kultur an Traditioun, Politik daat
interesseiert eis keng Boun!
Alles waat mir begeiehren ass eng frai quant Drôm, an en tschugger
Emmess fir eise Wôn!

U mengen Hänn do kullert och de Schwees! Eis deeglecht Brout daat ass
op der Rees!
Jéinesch ze sin daat ass eist Liewen, seit eiser Gebuert bis dass mir
stierwen!”

Mat beschte Griss, Oliver Kayser vun de Lompekrimer